Vers le contenu principal

Radio 100,7 – Reportage zum Thema Assistenzhënn

30.04.2026

Assistenzhënn si fir vill Mënsche mat enger Behënnerung eng grouss Hëllef am Alldag. Si maachen Dieren op, warne viru medezinesche Problemer oder gi Sécherheet am Alldag. Awer däerf esou en Hond iwwerall mat eran? A wat seet d’Gesetz zu Lëtzebuerg dozou? Dat reegelt d’Gesetz vum 22. Juli 2008 iwwer den Accès vu Persoune mat Assistenzhënn op ëffentlech zougänglech Plazen. Mir kucken eis déi wichtegst Punkten u mam Sascha Lang, Agent de Communication a Member vun der Unité PAN am Familljeministère.

Link op den 100,7